shop.fgil.lu

BON DE COMMANDE

Achat via liste de commande - uniquement pour les écoles et communes luxembourgeoises

NIVEAU

MATIERES

EDITIONS

Lawweli Lulatsch

Guy Rewenig
Lawweli Lulatsch
Alles iwwert d'Léift
Mat Biller vum Annick Sinner
36 Säiten, Album-Format 22,5 x 21,5 cm, Hardcover

Lawweli Lulatsch
26 Geschichten a 15 Biller iwwer d'Léift
Däerf een iwwer d'Léift laachen?
Natierlech
Well d'Léift kann heiansdo schrecklech komplizéiert sinn
Dat ass esou komesch, datt een einfach laache muss!

Lawweli Lulatsch ass eng vun den 27 kuerze
Liebesgeschichten, déi de Guy Rewenig a
sengem neie Buch erzielt. All hu se een an dee
selwechten Opbau- si erziele vun der Léift tëscht
ganz ënnerschiddleche Leit. Vum grousse Gefill dat
sech net dru stéisst, datt deen anere vläicht net
ganz esou formidabel ass wéi deen een et gär hätt.
Mee ëmmer gëtt iwwer de klénge Manko, wann
et dann een ass ewechgekuckt. An eigentlech ass
et och kee Manko! Léift kuckt net duerno ob ee
méi kléng oder méi grouss ass, ob ee schnaarcht
beim Schlofen oder jäizt beim Schwätzen, ob ee
komesch ausgesäit oder de ganzen Zäit am Gaang
ass ze streiden. Bei all de klénge Geschichte vun
ongewéinleche Koppelen- do spillen esouguer
Déieren a Beem mat- ass um Enn e Kompromëss
méiglech.

D'Léift mécht datt déi onméiglechst Situatiounen sech op eng Manéier arrangéieren an all Viruerteeler aus der Welt schafen. All kléng Geschicht huet hiren Titel an heiansdo mengt een et bréicht ee just ronderëmsech ze lauschtere fir grad déi Säz ze héieren, oder net: Ganz egal- Du dreifs mech op de Beemchen- Watass dat dann- Gëff mer deng Hand- Mat Haut an Hoer- Vernenn eis net. A sécher ass et och dat wat denAuteur Guy Rewenig gemaach huet.

A senger onverwiesselbarer Manéier spillt hie mat der lëtzebuerger Sprooch, mat Nimm an Ausdréckdéigeleefeg sinn an heiansdo dach esou liicht surrealistesch wierken. Grad esou onkomplizéiert geethie mat Kläng ëm- mat Buschtawe Vokaler a Konsonanten, déi en esou hin an hirgeheit dat se ëmmer anescht kléngen- sou gëtt aus Hippo Hippo Potto Potto Tamm um Enn just nach Hpt.. An hpt- sou de GuyRewenig kléngt dach och ganz verléift. Zu de Geschichte gehéieren natierlech och d'Illustratioune vum Annick Sinner. Zënter enger Rei Joere scho schaffen den Auteur an d'Zeechnerin zesummen- all déi lescht
Kannerbicher hu si zesumme konzipéiert. D'Zeechnunge sinn faarweg a kräfteg mat expressiven Ausdréck an de Gesichter an an de Beweegungen.

Lawweli Lulatsch ass e Buch dat Kanner sécher kënne liesen oder virgelies kréien, dat den Erwuessenen awer grad esou gutt zu Gesiicht steet. Déi kléng witzeg Geschichte sinn op alle Fall e Plaidoyer fir Respekt, Unerkennung, Akzeptanz- alles Wierder déi absolut derzou gehéiere wann et ëm dat wichtegst vun alle Gefiller geet: ëm d'Léift!

Christiane Kremer, RTL

Rubrique: Lëtzebuergesch
Niveau(x): Datscharitschi, Cycle 2, Cycle 2+3, Cycle 3, cycle 3+4, Cycle 4, Nouveautés FGIL 2011
Edition: Datscharitschi
18 €