shop.fgil.lu

BON DE COMMANDE

Achat via liste de commande - uniquement pour les écoles et communes luxembourgeoises

NIVEAU

MATIERES

EDITIONS

Schallümmo - Guy Rewenig

Schallümmo - Guy Rewenig
Illustratiounen: Annick Siner
39 Geschichten - Hardcover, 144 Säiten

Schallümmo ass den drëtten a leschte Band vum Guy Rewenig
senger Kätt-Trilogie" (Muschkilusch ­ Zebra Tscherri ­
Schallümmo) an ënnert senge Kannerbicher ee vun de ganz grousse
Bestseller mat iwwer 7000 verkaften Exemplären.

D'Buch gëtt et an zwou Versiounen
Op lëtzebuergesch an op däitsch.

Schallümmo!" rifft d´Madamm Feierstein vu mueres bis owes.
Schallümmo! Schallümmo! Schallümmo! schaalt et duerch d´Haus.
Bestëmmt dräidausendmol den Dag. Du gees net op de Concours,
wann s de net mam Schallümmo drénks!" Awer d´Fuzzi drénkt net
mam Schallümmo. Fir d´Baschten net. Hatt zerbäisst de Schallümmo,
rullt en iwwert de Buedem, zerknautscht en tëscht de Patten, dickst
en ënnert de Kicheschaf, zerfatzt e mat de Krallen, schleeft en
hannert d´Heizung. Ech géif d´Fuzzi am léifste knuutschen. Hatt léisst
sech näischt soen. Vu kengem. Hatt mecht, wat et wëllt.

Rubrique: Lëtzebuergesch
Niveau(x): Datscharitschi, Cycle 3+4
20 €