shop.fgil.lu

BON DE COMMANDE

Achat via liste de commande - uniquement pour les écoles et communes luxembourgeoises

NIVEAU

MATIERES

EDITIONS

Libella Bitsch

Weltrekord:
En Hamster flitt

Leider gëtt den Här Pallabu ëmmer nees
gestéiert beim Erfannen. Zanter dräi Stonne
sëtzt en Hamster nieft séngem rietse Fouss a
kuckt hien an engem Stéck poulriicht an d´Aen.
Jiddereen, dee selwer Erfinder ass, wees,
datt et ganz onméiglech ass, eppes z´erfannen,
wann en Hamster een an engem Stéck poulriicht
an d´Ae kuckt.
Den Här Pallabu wees net, wou deen Hamster
hirkënnt, wiem säin et ass a wat e wëllt:
Hie wees och net, wéi en heescht. Hie wees
nëmmen eppes: Deen Hamster wëllt einfach net
méi sénger Wee goen. Et ass en Hamster, dee
keng Angscht huet. Den Här Pallabu huet e scho
mat der Stränz genätzt, fir en ze verdreiwen.
Mee den Hamster hat dat richteg gär.
Hien huet sech geschuddert vu Genoss.
Well den Hamster sech net verzitt, probéiert
den Här Pallabu e klengt Gespréich mat him
unzefänken.
Hie seet: Mäin Numm ass Rattatu Pallabu, a
wéi heeschs du ? »
« Libella Bitsch », seet den Hamster.

Guy Rewenig
Libella Bitsch
2. Oplo (4001-6000) September 2004
160 Säten, hardcover
Mat faarwege Biller vum Pat Wengler
Editions ultimomondo/datscharitschi

Rubrique: Lëtzebuergesch
Niveau(x): Datscharitschi, Cycle 2, Cycle 2+3, Cycle 3, cycle 3+4, Cycle 4, Enseignant(e)s
Edition: Datscharitschi
17,35 €