shop.fgil.lu

BON DE COMMANDE

Achat via liste de commande - uniquement pour les écoles et communes luxembourgeoises

NIVEAU

MATIERES

EDITIONS

Moss Kita

Guy Rewenig
Moss Kita

Moss
nennt een op lëtzebuergesch e
Meedchen, an zwar eent, dat genee
wees, wat et wëllt. Eng Moss fäärt
net, léisst sech net vun aneren
draschwätzen, huet hiren eegene
Kapp. Enger Moss kann een näischt
virschreiwen. Eng Moss mecht, wat hir gefällt.
Kita
heescht déi kleng Moss, déi an der Serie vum
Guy Rewenig senge schreckleche Meedercher"
- wéi d´Kätt aus Muschkilusch", Zebra
Tscherri" a Schallümmo", oder d´Zilli
aus Libella Bitsch", oder d´Nelli aus Packatuffi",
oder d´Jill aus Palazzo Matrazzi", oder d´Komba
aus Komba la Bomba" - eng ganz besonnesch
Roll spillt: Seng Eltere kréien hatt einfach net
vum Waasser ewech. Näischt begeeschtert d´Kita
méi wéi d´Waasser, a wann hatt grouss ass, wëllt
hatt onbedengt e Beruff hunn, dee mam Wasser
ze doen huet.
D´Buch Moss Kita" verzielt, wat dem Kita seng Elteren alles probéieren, fir hiirt Meedche vum Wasser ze
kuréieren. Dat ass en haarde Mätsch. Mee wie gewënnt? Méi wéi eng Kéier verzweiwelen dem Kita seng
Eltere bal - awer wien d´Buch liest, kënnt aus dem Laachen net méi eraus.
Auf 160 Seiten erzählt "Moss Kita" in luxemburgischer Sprache die turbulenten Erlebnisse der kleinen Kita, die so
vom Wasser besessen ist, dass sie ihre Eltern fast zur Verzweiflung treibt. Um aus Kita ein "normales" Mädchen
zu machen, versuchen die Eltern alles Menschenmögliche, aber ihre Tochter fühlt sich immer stärker vom Wasser
angezogen, und möchte später unbedingt einen "Wasserberuf" ausüben...
Illustriert wurde "Moss Kita" von Nadezda Kozomara, die Kitas Reise durch wechselnde Wasserlandschaften mit
ganzseitigem, farbigen Bildern unterstreicht. Mit zahlreichen zusätzlichen "Wasser-Gags" hat der Grafiker Michel
Dimmer die Geschichte zudem in ein ungewöhnliches Layout gekleidet.

2. Oplo (1501-3000) Juni 2007
160 Säiten, hardcover
Mat faarwege Biller von Nadezda Kozomara
Editions ultimomondo/FGIL 2007

Rubrique: Lëtzebuergesch
Niveau(x): Datscharitschi, Cycle 2, Cycle 2+3, Cycle 3, Cycle 3+4, Cycle 4, Enseignant(e)s
Edition: Datscharitschi
17,35 €