 |
Schallümmo - Guy Rewenig
Schallümmo - Guy Rewenig Illustratiounen: Annick Sinner 39 Geschichten - Hardcover, 144 Säiten
Schallümmo ass den drëtten a leschte Band vum Guy Rewenig senger "Kätt-Trilogie" (Muschkilusch - Zebra Tscherri - Schallümmo) an ënnert senge Kannerbicher ee vun de ganz grousse Bestseller mat iwwer 7000 verkaften Exemplären.
D'Buch gëtt et an zwou Versiounen Op lëtzebuergesch an op däitsch.
Schallümmo!" rifft d´Madamm Feierstein vu mueres bis owes. "Schallümmo! Schallümmo! Schallümmo! schaalt et duerch d´Haus. Bestëmmt dräidausendmol den Dag. "Du gees net op de Concours, wann s de net mam Schallümmo drénks!" Awer d´Fuzzi drénkt net mam Schallümmo. Fir d´Baschten net. Hatt zerbäisst de Schallümmo, rullt en iwwert de Buedem, zerknautscht en tëscht de Patten, dickst en ënnert de Kicheschaf, zerfatzt e mat de Krallen, schleeft en hannert d´Heizung. Ech géif d´Fuzzi am léifste knuutschen. Hatt léisst sech näischt soen. Vu kengem. Hatt mecht, wat et wëllt.
Rubrique: Lëtzebuergesch
Niveau(x): Datscharitschi, Cycle 3+4
|